Dëst Joer war di britesch Popgrupp „Texas“ d‘Haaptaffiche um „Rock um Knuedler“. Et war di éischte Kéier, datt sie zu Lëtzebuerg opgetruede sinn.
1986 zu Glasgow gegrënnt, spille sie Countryrock vum Feinsten. Hits wie Summer Son, Put Your Arms Around Me, In Our Lifetime a Say What You Want hunn sie zu enger weltbekannter Band gemaach.
2008 dann, huet hier Sängerin Sharleen Spiteri eng Solokarriere gestart. Hiere „Greatest Hits Album“ soll dëst Joer erauskommen. Hei sollen och nei Lidder presentéiert ginn…
