Salut, gudde Moien, gudden Owend…mäin Numm ass wie der schon villäicht mattkrut Jeff Kettenmeyer, 22 Joer al (jonk). Privat spillen ech Basket beim Avanti Mondorf an ech gi wéi wahrscheinlech bal all Mënsch gäer an d’Vakanz. Um DNR probéieren ech Samsdes moies vun 10 bis 1 an der Cafeteria deene Leit déi nach vu Freides owes en décke Kapp hunn, matt Musek, Reportagen an Interviewen aus dem Bett ze hëllefen. Doderniewt sin ech an der Sportredaktioun oder op den Terrainen uechter d’Land ze fannen. Op Fussball, Basket, Handball, Tennis oder Cyclissem, ech si fier ierch live dobäi. A wéi géing mei Frënd Giovanni Trapattoni soen: „ICH HABE FERTIG!“ oder den Andreas Möller: „Madrid oder Mailand, Hauptsache Italien!“ ;)
Salutations sportives, merci an äddi
Jeff