jeff.kettenmeyer@dnr.lu
Cafeteria
12:00 - 14:00
Mam Jeff Kettenmeyer

Mëttes e gudde Maufel zerwéieren, dat däerft fir mech als geléierte Kach an alen Hues aus der Lëtzebuerger Radio-Piratenzäit kee Problem sinn. All Dag maache mir op e neits de Frigo op, kucke wat dran ass a kachen eis eppes feines zesummen an deenen 2 Stonne Mëttespaus an der Cafeteria. Mir huelen et wéi et kënnt, mat der richteger Prise Salz a Peffer a jiddereen däerf roueg Proposë maachen oder eng Fro stelle wou mir probéieren d’Léisung ze fannen. Esou schmaacht et jidderengem, dat ganzt am richtegen a beschte Mix, well eng gudd Zooss muss och 2 Stonne kachen :-)


Eng al Lëtzebuerger Bauereregel seet :

Zielt de Premier dem Kaale Sophie d’Laach vun der Natioun

… dann Kéimt alles – just net am Buedem d’Boun

Ze vill SMS'en mecht krank

Ze vill SMS mécht krank :

Eng australesch Fuerscherin huet elo eng Lëscht mat SMS-Krankheetsbiller opgestallt déi virun allem JONKER kennen betreffen :

- - Textaphrenie : De feste Glawen datt den Telefon ugewisen hätt datt eng SMS komm wär, et ass awer keng nei do

- Post-Texstegen-Stress-Syndrom : Et ass een esou op d’SMS fixéiert datt een ronderëm sech näischt méi matkritt

- Tangstgefiller : Do kommen Zweiwel op, et zweiwelt een un sech selwer well eng Zäit keng Nei SMS’en eran kommen

- Koma-Texten – Koma-Saufen, mä hei ass et datt een eng Abberzuel un SMS verschéckt fir säin Selbstvertrauen ze stäerken

Textaphrenie an Tangstgefiller hun SMS-Schreiwer déi sech „elleng“ fillen an un sech an hierer Popularitéit zweifelen. Een deen Koma-Text-süchteg ass, scheckt a sech en SOS eraus a brauch Hëllef.