jeff.kettenmeyer@dnr.lu
Cafeteria
12:00 - 14:00
Mam Jeff Kettenmeyer

Mëttes e gudde Maufel zerwéieren, dat däerft fir mech als geléierte Kach an alen Hues aus der Lëtzebuerger Radio-Piratenzäit kee Problem sinn. All Dag maache mir op e neits de Frigo op, kucke wat dran ass a kachen eis eppes feines zesummen an deenen 2 Stonne Mëttespaus an der Cafeteria. Mir huelen et wéi et kënnt, mat der richteger Prise Salz a Peffer a jiddereen däerf roueg Proposë maachen oder eng Fro stelle wou mir probéieren d’Léisung ze fannen. Esou schmaacht et jidderengem, dat ganzt am richtegen a beschte Mix, well eng gudd Zooss muss och 2 Stonne kachen :-)


Eng al Lëtzebuerger Bauereregel seet :

Zielt de Premier dem Kaale Sophie d’Laach vun der Natioun

… dann Kéimt alles – just net am Buedem d’Boun

Emirate Airlines sicht nei Leit

Wann Dir och den Dram hutt, op Mann oder Fra fir Stewardess oder Steward ze ginn – dann maacht Iech bei well déi international dacks ausgezeechent Emirates Airlines sicht neit Kabinnen-Personal… och zu Lëtzebuerg. De 17 Juli hutt dir d’Chance iech virzestellen, de Casting fänkt pénktlech em 9 Auer un – am Hotel NH um Findel. Déi, déi geholl ginn sinn zu Dubai stationéiert a ginn Top Ausgebilt a kënnen vun excellenten Perspektiven an hirer Carrière profitéieren. Emirates Airlines besteet aus engem internationalem Team aus 120 Länner. Dir musst en aktuellen CV mathuelen an Ganzkierper Foto’en.