jeff.kettenmeyer@dnr.lu
Cappuccino
10:00 - 12:00
Mam Jeff Kettenmeyer

De Cappuccino, eng staark Mëschung mat enger lëfteger Haiwchen...

Staark sinn d'Invitéen an d'Themen déi all Dag traitéiert ginn an lëfteg sinn d'Gewënnspiller bei denen et ëmmer e flotten Iwwerraschungskado ze gewanne get.

Cappuccino: Aktuelles aus dem Liewen all Dag tëscht 09h00 an 12h00



"Ech kann allem widerstoen, ausser der Tentatioun..."
Oscar Wilde

Fréijorsdessert


Ingrédients fir de Rhubarbe-Aerdbier Kompott
180ml Orangejus
80g Zocker
300g Rhubarbe
200g Aerdbier
60g Puderzocker

Den éischten Schrett ass den Rhubarbe schielen, en a kleng Würfele schneiden. Duerno get en blanchéiert an mat Zocker an der Paan karamelliséiren. Läscht et mat Orangejus of a loosst et akachen. Wann de Rhubarbe mell ass, soll een en kal gi loossen an duerno mescht een d’Aerdbier an de Puderzocker derbai. Dann alles mat engem Stabmixer mixen.

Ingrédients fir d’Joghurtscrème
300g Joghurt
300g Mascarpone
30-40g Zocker
Vanillepuder

Fellt den Mascarpone an d’ « Kitchen Aid », loosst en schaumeg schloen, duerno den Joghurt dobäi gin, dann den Zocker an d’Vanillepuder.

Fellt duerno déi zwou Massen schichtweis an e Glas an mat enger Physalis an frescher Menthe garnéiren.