sabine.friederichs@dnr.lu
Kaffisdesch um Samschdeg
07:00 - 10:00
Mam Sabine Friederichs

Privat sin ech bestued mam Maryse, 2 Kanner (Beryl an Thierry), dee Gréngen (eisen Hond) an de Rosch (Kanéngchen), ech wunnen um Cents a sinn am Stärzeechen immens Léiw. Beim DNR sin ech Animateur, Reporter dobaussen um Terrain, Responsabel vun den Autosrubriquen, Responsabel fir de Witzepräsident, a.s.w. Ech sin all Daag mam Bas zesummen an der Moiesschicht um DNR ënnerwee an daer  ech queesch duerch d Ländche fueren a mech live eramellen vu Plaatzen, zu deenen ët eppes ze soe gëtt. Da sin ech och nach am Wecker Samsdës Moies vu 07:00-10:00 Auer ze héieren, an moderéiren zesummen mam Yolande Roller den Café Apéritif eemol de Mount Sonndesmoies vun 10:00-13:00 Auer live aus engem flotte Bistro am Ländchen. Och a punkto Autosrubrik sin ech dax ennerwee bei internationalen an nationalen Presentatiounen vun neie Modellen. Am Studio sin ech all Dag mindestens 3 Stonnen, ech ginn awer och nach, an dat schonn zanter 12 Joer zesumme matt menger Frau, am Eislëck verschiddden Regionalzeitungen eraus, déi sech -express- nennen. Doniewt hunn ech nach eng Produktiounsgesellschaft fir Radio an Televisioun. Di bësse Fräizäit di mir bleiwt, verbréngen am léiwsten an den USA wou Los Angeles et mir ganz besonnesch ugedoen huet.