christophe.hochard@dnr.lu
Kaffisdesch
06:00 - 10:00
Mam Christophe Hochard

Moies gutt gelaunt opstoen, ass fir vill Leit net ëmmer esou evident, an dat ass och ze verstoe bei all deem Stress de ganzen Dag iwwer. Allerdéngs hunn ech dee Problem net. Moies sin ech schons virum Wecker waakreg, an ech brauch genee 2 Sekonnen fir eraus aus dem Bett an nach 3 Sekonnen bis an d\'Buedzëmmer. Dat war schon ëmmer esou! Houfreg sin ech net, well et ass einfach ugebuer. Dofir sin ech dann awer owes net esou laang fit:-) Em sou méi Spaass mécht et mir moies am Radio gutt Laun eriwwer ze bréngen. Opstoe FIR Iech, awer och MAT Iech, dat ass de Kaffisdësch um DNR. Bas


T'as Emaïschen-Zäit
183. Editioun vun der Emaïschen

Wéi all Joer wann d’Ouschterzäit kënnt gëtt sech och nees op den traditionelle Maart mam Numm „Emaïschen“ preparéiert. D’Peckvillercher gin et dëst Joer traditionell nees op Ouschterméindeg tëscht moies 08.00 Auer an owes 18.00 Auer an de schmuele Gaassen vun der Aalstaat hannert dem Palais.

Donieft invitéiert de Groupe „Animation Gare asbl“ zesummen mat de Forrains fir d’2. Kéier op « den Ouschterhues op der Paraïsser Plaz ». Hei gin tëscht dem 27. Mäerz an dem 3. Abrëll ënnert anerem Ouschterartikel verkaf. An 3 Holzheiser fënnt een Ouschtereeër, Dekoratiounen an aner Artikel.

E weideren Rendez-Vous op Ouschterméindeg ass jo wéi all Joer bei den Aulebäcker zu Nouspelt.