sabine.friederichs@dnr.lu
Kaffisdesch
06:00 - 10:00
Mam Sabine Friederichs

Moies gutt gelaunt opstoen, ass fir vill Leit net ëmmer esou evident, an dat ass och ze verstoe bei all deem Stress de ganzen Dag iwwer. Allerdéngs hunn ech dee Problem net. Moies sin ech schons virum Wecker waakreg, an ech brauch genee 2 Sekonnen fir eraus aus dem Bett an nach 3 Sekonnen bis an d\'Buedzëmmer. Dat war schon ëmmer esou! Houfreg sin ech net, well et ass einfach ugebuer. Dofir sin ech dann awer owes net esou laang fit:-) Em sou méi Spaass mécht et mir moies am Radio gutt Laun eriwwer ze bréngen. Opstoe FIR Iech, awer och MAT Iech, dat ass de Kaffisdësch um DNR. Bas


Zitha Gesondheetszentrum
Wat bidd de Zitha Gesondheetszentrum

An eiser heiteger Zäit ass een gestresst datt et engem op d’Gesondheet schléit. Et ass een op der Sich no Hëllef fir eppes géint de Stress ze maachen, oder wann een wëlles huet fir mam fëmmen op ze halen, oder fir onbewosst kierperlecher Prozesser wéi d’Opreegung an de Grëff ze kréien. Dat an nach villes méi bidden se am Zitha Gesondheetszentrum un, wéi z.B. och Sport bei Arthrose oder Protheesen, Asiatesch Otemübungen an Akupressur, Osteofit bei Osteoporose oder Präventioun bei Diabetis & Härz-Kreeslâf-Erkrankungen. Et kann een awer léieren wat een maachen kann wann een Problemer mam Reck huet.

Ophalen mat fëmmen? Den „ZithaGesondheetsZentrum“ proposéiert 6 séancen „Gesünder leben ohne Rauchen“. Dëse Cours fänkt Mëttwochs den 14. Abrëll un. Méi genée Informatiounen kritt een op der Telefonsnummer 49776-6363.


Consultation psychologique. Den „ZithaGesondheetsZentrum“ proposéiert psychologesch Berodungen op rendez-vous. Méi genée Informatiounen kritt een op der Telefonsnummer 49776-6363.


Biofeedback léiert Iech, wéi een onbewosst kierperlech Prozesser (Opreegung...) wëllentlech beaflossen an steieren kann. Méi genée Informatiounen kritt een am „ZithaGesondheetsZentrum“ op der Telefonsnummer 49776-6363.


ProthAktiv:
Sport bei Arthrose & Hëft- an Knéiprothesen: den ZithaGesondheetsZentrum proposéiert ab dem 12. Abrëll Arthrosen- an Prothesencoursen. Méindes vun 11-12 Auer oder mëttwochs vun 15-16 Auer. Dauer: 6 Wochen, verlängerbar. Informatiounen ënnert der Telefonsnummer 49 776-6363.


In Balance
Asiatesch Otemübungen & Akupressur an enger entspaanter Atmosphär. ZithaGesondheetszentrum, ab dem 12. Abrëll méindes an der Mettesstonn vun 12:10 bis 13:10 Auer oder donneschdes moies vun 07:30 bis 08:30. Dauer : 12 Wochen, verlängerbar. Informatiounen ënnert der Telefonsnummer 49 776-6363.


Osteo- Fit
Osteo-Fit: Gymnastik géint & bei Osteoporose, viirun allem fiir Dammen. ZithaGesondheetszentrum, ab dem 12. Abrëll méindes vun 13:15 bis 14:15 Auer. Dauer : 12 Wochen, verlängerbar. Informatiounen ënnert der Telefonsnummer 49 776-6363.

Osteoporose Prävention

Präventioun vun Osteoporose an Theorie an Praxis. Schwéierpunkt Theorie: Medizin, Liewensstil, Ernährung an Sport. Praxis: Bewegung an Sport. ZithaGesondheetsZentrum, ab dem 12. Abrëll, méindes 15:00 bis 17:00 Auer. Dauer, 6 Wochen. Informatiounen ënnert der Telefonsnummer 49776-6363.


Prävention
Prävention Diabetes & Härz-Kreeslâf-Erkrankungen an Theorie an Praxis. Schwéeierpunkt Theorie: Medizin, Ernährung, Bewegung an Sport. Praxis: Ausdauersport. ZithaGesondheetsZentrum, ab dem 13. Abrëll, dënsdes 10 :00 bis 12 :00 Auer oder dënsdes 16:30 bis 17:30 Auer. Dauer, 6 Wochen. Informatiounen ënnert der Telefonsnummer 49776-6363.


Ergo- Ausdauer
Ausdauertraining fiir all Alter um Velo, Geh-/Lâfband, Rudergerät an/oder Crosstrainer. ZithaGesondheetsZentrum, ab dem 13. Abrëll dënsdes vun 12:10 bis 13:10 Auer. Dauer: 12 Wochen, verlängerbar. Informatiounen ënnert der Telefonsnummer 49776-6363.

Rückensicht
Aktiv fiir een gesonden Rëck. Ofwiesslungsräich den Rëck stärken an entspaanen. ZithaGesondheetsZentrum, ab dem 13. Abrëll dënsdes vun 13:15 bis 14:15 Auer. Dauer : 12 Wochen, verlängerbar. Informatiounen ënnert der Telefonsnummer 49776-6363.

Fitness 50+
Fitness 50+: Bewegung fiir Léit ab 50 Joër, déi Spass mëcht. ZithaGesondheetsZentrum, ab dem 13. Abrëll dënsdes vun 15:30 bis 16:30 Auer. Dauer : 12 Wochen, verlängerbar. Informatiounen ënnert der Telefonsnummer 49776-6363.

Coaching
Individuell Trainingsberôdung op Rendez- Vous. ZithaGesondheetsZentrum, Kontakt : 49776-6363.

Dir fand och all eis Programmer op eisem Internetsite
http://www.zitha.lu/de/ZithaGesondheetsZentrum/Angebot/Angebot/Nos-programmes-de-coaching