christophe.hochard@dnr.lu
Kaffisdesch
06:00 - 10:00
Mam Christophe Hochard

Moies gutt gelaunt opstoen, ass fir vill Leit net ëmmer esou evident, an dat ass och ze verstoe bei all deem Stress de ganzen Dag iwwer. Allerdéngs hunn ech dee Problem net. Moies sin ech schons virum Wecker waakreg, an ech brauch genee 2 Sekonnen fir eraus aus dem Bett an nach 3 Sekonnen bis an d\'Buedzëmmer. Dat war schon ëmmer esou! Houfreg sin ech net, well et ass einfach ugebuer. Dofir sin ech dann awer owes net esou laang fit:-) Em sou méi Spaass mécht et mir moies am Radio gutt Laun eriwwer ze bréngen. Opstoe FIR Iech, awer och MAT Iech, dat ass de Kaffisdësch um DNR. Bas


Madonna virun de Beatles
Scoop a Groussbritannien :

Madonna huet d’Beatles iwwerholl. D’Pop-Queen ass elo déi meescht gespillte Musekerin an huet déi éiweg Nr 1 « Beatles » op Plaz 2 verwisen. Keng aner Kënschtlerin oder Band gouf an de leschten 10 Joer sou dacks gespillt wéi Si. Dobäi kennt datt d’Madonna déi eenzeg Fra ënnert den Top 5 vun der Lëscht ass, déi gëschter Public gemat gouf. De Robbie Williams huet et op Plaz 3 gepackt, seng fréier Band Take That koum op Plaz 5. Plaz 4 gehéiert der Band Queen. Weider Plazen : 6 – Sugababes, 7 – Elton John, 8 – Elvis Presley, 9 – Abba, 10 – Coldplay. Eréischt op der Plaz 19 kommen d’Rolling Stones.