| Neies gëtt et ronderëm de Prozess vum Doud vum Michael Jackson. |
|---|
Bei engem Termäin um Gericht huet déi fréieren Privat-Dokter missen Zick-Zack lafen well virum Gebai rosen Fans vum King of Pop gewaart hunn. Um Rendez-Vous war och de Papp vum Michael Jackson, seng Mamm Katherine a d’Schwëster Janet Jackson. De Fall huet elo e neie Riichter iwwerholl an dësen, de Riichter Michael Pastor huet de nächsten Termäin op de 14 Juni festgeluecht. Dann soll an éischter Instanz iwwert déi berufflech Zukunft vum Dr Murray eng Decisioun geholl gin. De kaliforneschen Procureur wëll jo datt den Dokter seng Autorisatioun fir ze praktizéieren soll ofgeholl kréien. Et gouf een dann elo och gewuer wéi sech den Dokter seng Strategie virun Gericht ass. Si plädéieren drop datt den Dokter dem Michael Jackson schon d’Narkosmëttel Propofol gesprëtzt huet, awer eng ongeféierlech Dose an datt de Michael Jackson selwer, wéi hien aus dem Zëmmer war sech nach Propofol nogesprëtzt hätt.