| Spontanen Gig an enger Galerie |
|---|
Eternal Tango, d’Top Band aus Lëtzebuerg wollt Ouschtersamschdeg hiren aktuellen Album „Welcome to the Golden City“ engem selectionéiertem Public an der O-Bar an der Staat virstellen. No enger Autogramm-Sessioun am „Reservoir“ huet sech eraus gestallt datt d’Plaz ze kleng wär. Dorops hin gouf den Akkustik-Set einfach an d’Rotunda vun der Galerie Neuberg verluecht. Séier hat sech d’Saach ronderëm geschwat sou dat géint halwer 7 iwwer 100 Fans a Frënn an der Galerie waren. Iwwregens, bei engem Vote op MTV Rockzone koum déi nei Single vun Eternal Tango op d’Plaz 4.
Foto'en : Carlos Almeida