| Broutpräisser an der Hausse |
|---|
D’Brout ass méi deier ginn, tëscht 1 an 3 % – Groussbäckereien hunn d’Präisser ugehuewen an dësen Trend wäert sech an de nächste Wochen a Méint queesch uechtert d’Land bei all de Bäcker wuel duerchsetzen – Vertrieder vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft fuerderen dann och, datt wann een seet datt d’Miel a Co méi deier gin wär – nieft de Lounkäschten, dann missten och d’Baueren eppes dovunner hunn… mä dat wär jo a sech net de Fall. D’Broutpräisser sinn tëscht dem Joer 2000 an 2009 vun 1,7 Euro op 2,7 Euro geklomm, wat 58% sinn. Tëscht 2000 an 2008 as de Präis beim Weess awer nëmmen em knapp 24% geklomm an 2009 souguer vun 15,67 Euro fir 100 kg op 11.10 Euro gefall wou en dann ënnert dem Präis vun 2000 giff léien. Wann elo d’Präisser vum Brout geklommen sinn, dann kéint een net och nach soen datt d’Präisser vum Miel drun schold wären, esou d’Vertrieder vun der Agrargenossenschaft. D’Landwirtschaft kann net d’Präisser einfach esou festleeën wéi d’Bäcker dat kennen maachen. Dofir fuerdert d’Bauerenzentral, Bauerenallianz an den FLB datt – wann een seet datt d’Miel méi deier ginn ass, datt dëst dann och de Baueren ze gutt misst kommen.