christophe.hochard@dnr.lu
Kaffisdesch
06:00 - 10:00
Mam Christophe Hochard

Moies gutt gelaunt opstoen, ass fir vill Leit net ëmmer esou evident, an dat ass och ze verstoe bei all deem Stress de ganzen Dag iwwer. Allerdéngs hunn ech dee Problem net. Moies sin ech schons virum Wecker waakreg, an ech brauch genee 2 Sekonnen fir eraus aus dem Bett an nach 3 Sekonnen bis an d\'Buedzëmmer. Dat war schon ëmmer esou! Houfreg sin ech net, well et ass einfach ugebuer. Dofir sin ech dann awer owes net esou laang fit:-) Em sou méi Spaass mécht et mir moies am Radio gutt Laun eriwwer ze bréngen. Opstoe FIR Iech, awer och MAT Iech, dat ass de Kaffisdësch um DNR. Bas


Den Ipad ass do
Mir mussen nach e puer Woch warden zu Lëtzebuerg

Op Ouschtersamschdeg ass an Amerika den Apple Ipad eraus komm, iwwer 300 000 Stéck goufen verkaf : also, déi déi bestallt waren a geliwwert goufen, déi déi un d’Partner ausgeliwwert goufen an d’Vente an de Geschäfter. Op e puer Plazen hun se jo Schlaang gestanen an der Nuecht fir een vun den éischten ze sinn… an um 1 Dag goufen iwwert 1 Milliounen Applikatiounen vum App-Store erofgelueden an 250 000 Bicher aus dem iBookstore. Vill Analysten haten jo méi héich gegraff. Vun 600 000 bis 700 000 kéinten den éischte Weekend verkaf ginn goung riets, de Credit Suisse war mat 400 bis 500.000 lass gezunn. Egal wéi, ech mengen vill Firmen wären frou wann se op den éischten 24 Stonnen vun engem neie Produit : 300 000 Stéck giffe verkafen. Déi 1 Versioun vum iPad gëtt et jo just fir mat wifi an d’Netz ze goen, d’Versioun mam Telefon soll Enn Abrëll kommen, do däerft d’Vente dann nach eng Kéier unzéien. Estimatiounen leien bei 1,1 Milliounen verkaaften um Enn vum Semester, bei 4,8 Milliounen Stéck um Enn vum Joer an bei 8,7 Milliounen Stéck d’nächst Joer. Mir mussen nach e puer Wochen waarden bis den iPad bei eis ze kréien ass…. Enn Abrëll