sabine.friederichs@dnr.lu
Kaffisdesch
06:00 - 10:00
Mam Sabine Friederichs

Moies gutt gelaunt opstoen, ass fir vill Leit net ëmmer esou evident, an dat ass och ze verstoe bei all deem Stress de ganzen Dag iwwer. Allerdéngs hunn ech dee Problem net. Moies sin ech schons virum Wecker waakreg, an ech brauch genee 2 Sekonnen fir eraus aus dem Bett an nach 3 Sekonnen bis an d\'Buedzëmmer. Dat war schon ëmmer esou! Houfreg sin ech net, well et ass einfach ugebuer. Dofir sin ech dann awer owes net esou laang fit:-) Em sou méi Spaass mécht et mir moies am Radio gutt Laun eriwwer ze bréngen. Opstoe FIR Iech, awer och MAT Iech, dat ass de Kaffisdësch um DNR. Bas


Neien Hoer Trend à la Beckham
Neien Hoer Trend à la Beckham fir de Summer 2010

Knapps huet Victoria Beckham eng nei Frisur, schon schwätzen britesch Zeitungen vum neie Summertrend – a deen ass ganz einfach ze maachen, dir kennt de Moien moudesch aktuell "à la" Beckham eraus goen an Zack sidd der IN .. t’ass a sech einfach en duerchgerëselten BOB am Schlofzëmmer-Style. E gesäit sou aus wéi wann een e ganzen Dag op der Plage gewiescht wär an Mierwaasser an den Hoer gehat hätt. Elo sot net, mir hunn keen Mier … et gëtt genuch Miersalz ze kafen lenks a riets fir an d’Bidden. De Styling ass einfach e geet séier : D’Hoer vir e bëssen méi laang …an hannen um Kapp duerchgestuft – nom wäschen kennt Schaum dran an dann gëtt alles mat engem Diffuser-Opsaaz duercherneen geföhnt…do kann een dann e puer eenzel Strähnecher em de Fanger wéckelen fir e puer Wellen ze kréien .. an Zack … dann gesäit et dach net esou aus wéi wann een grad opgestan wär .. an dofir déi Aarbecht !