sabine.friederichs@dnr.lu
Kaffisdesch
06:00 - 10:00
Mam Sabine Friederichs

Moies gutt gelaunt opstoen, ass fir vill Leit net ëmmer esou evident, an dat ass och ze verstoe bei all deem Stress de ganzen Dag iwwer. Allerdéngs hunn ech dee Problem net. Moies sin ech schons virum Wecker waakreg, an ech brauch genee 2 Sekonnen fir eraus aus dem Bett an nach 3 Sekonnen bis an d\'Buedzëmmer. Dat war schon ëmmer esou! Houfreg sin ech net, well et ass einfach ugebuer. Dofir sin ech dann awer owes net esou laang fit:-) Em sou méi Spaass mécht et mir moies am Radio gutt Laun eriwwer ze bréngen. Opstoe FIR Iech, awer och MAT Iech, dat ass de Kaffisdësch um DNR. Bas


Urteel gesprach
D’Sängerin wäert net „sëtzen“

Nom Prozess géint Nadja Benaissa (28) ass nach net gewosst op Soe nach Member an der Pop-Grupp „No Angels“ bleift. Op d’Fro op d’Benaissa am Dezember nach mat deenen aneren 3 Memberen hier Club-Tour wieder mécht, huet de Bandmanager Khalid Schröder der Noriichtenagence dpa gesot datt hien de Moment doriwwer nach näischt wéilt soen. No dem Urteel giffen sech d’No Angels erliichtert weisen wëll een elo weess wou een drun ass. No Angels giffen all Betraffenen an deenen hier Familljen an natierlech och dem Nadja a senger Duechter fir d’Zukunft vill Kraaft a vill Gléck wënschen. Nadja Benaissa gouf en Donneschdeg virum Amtsgericht Darmstadt zu 2 Joer Prisong mat Sursis veruerteelt wëll se e Mann mam HIV Virus infizéiert huet an dat obschonns Si vun hirer Infektioun wosst.


Nouvelle vum Donneschdeg 26 August

Am Prozess géint No Angels Sängerin Nadja Benaissa gëtt haut virum Gericht zu Darmstadt en Urteel erwaart. Déi 28 Joer jonk Sängerin huet jo zouginn datt se trotz hirer HIV-Infektioun Sex ouni Kondom hat. En Expert ass sech sécher datt Si e Mann ugestach huet. D’Sängerin wäert wuel awer net „sëtzen“. De Procureur plädéiert op eng Prisongsstrof op Sursis vun 2 Joer.

LINK :