Kaffishot

DNR Kaffishot Äre Rendez-Vous fir News aus der internationaler an nationaler Museksszen mat interessanten Invitéen an denen neisten Hits. Firwat dierf ee keen DNR Kaffishot verpassen? D’Emissioun soll groussen Deeler vun der lëtzebuerger Museksszen d’Méiglechkeet ginn, sech selwer engem méi grousse Public firzestellen, mir schwätzen iwwer aktuell Concerten oder nei Releasen. Natirlech begréissen ech och aner interessant Invitéen emmer nees gären am Kaffishot. Donierwt maachen ech och emmer nees en interesséierten a kritesche Bleck op d’international Promi- an Museksszen. Du bass an der DNR-Museksredaktioun aktiv, wéi gesäit des Aufgab konkret aus? Ech hale mech um Courant wat et Neits an der grousser Musekswelt gëtt a liesen natirlech och déi eng oder aaner Fachzäitschreft. Duerno gëtt décidéiert, wéi eng Titelen interessant fir den DNR-Museksprogramm kéinte sinn. Als Fazit kann een einfach soen, datt et extrem wichteg ass, emmer „up to date“ ze sinn, wien a wat grad am Museksbusiness ugesot ass. Wat bedeit dir iwwerhapt Musek? Sie begleet mech vu Moies bis Owes, sief et op der Arbecht oder Privat, e Liewen ouni Musek kéint ech mer nëmmen schwéier firstellen. Wat ech lauschteren hänkt ganz vun menger Stëmmung of, ech hunn awer e grousse Faible fir Rock, Metal an Hip Hop. Ausser Musek keng aner Freed an dengem Liewen? Ech molen praktesch all Dag an schreiwen och gär u Kuerzgeschichten oder u Commentairen. Eent vun menge gréissten Hobbyen sinn Autoen, dës Passioun begleet mech schon bal zënter ech gebuer gouf. Ech ginn nawel och gär gudd Iessen , verbrengen meng Owender am léifsten op Concerten oder kucken Futtball. Dofir ass och en Draam fir mech an Erfëllung gangen, wéi ech fir d’éicht eis A-National Equipe hu konnten commentéiren - et erliewt een de Match ganz aanescht wéi op den Gradinen oder op der Telé.


CDays 2010

CDays zu Ettelbréck am Lycée Technik begeeschteren d'Schüler ëmmer erem, well mol eng Kéier net de Prof eppes zielt, mee si kréien technesch Themen vun aanere Schüler virgewisen an erklärt. Enner aanerem gestalten d'Schüler eng Zeitungssäit am Wort an maachen Jugendnews um DNR.

Hei kenn dier d'Jugendnews lauschteren.

Jugendnews 01

Jugendnews 02

Jugendnews 03