DNR -Eurobongen fir Veräiner
Eng Zentralkees ! Dat heescht méi Iwwersiicht
Froot Iech eis Eurobongen mat Zäiten un...

Radio DNR bidd Iech als Veräin färdeg Euro-Bongen fir Äert Fest un. Se sin an 0,20 - 0,25 an 0,50 Cents agedeelt an all Kéier zesummen an 1 Euro gruppéiert. An d'Mëtt kënnt de Numm vum Veräin oder de Numm vum Event stoen.

Dir braucht dann nëmmen eng Zentralkees wou d'Leit hier Bongen vun bis zu 10 € kafe kënnen. Op de Gedrénks- an Iessstänn gëtt dann nët mat Suen geschafft. Hei gëtt einfach d'Somme vun de Consommatiounen mat engem Filzstëft duerchgestrach bis de Bong eidel as.

Wann nach Suen iwwreg sin, kréien d'Leit dëss an der Zentralkees vum Fest erëm, éier se Heem gin.

D'Bongen sin zu 8 x 10 Euro op engem DinA4 Blad gedreckt.

Conditiounen : Et ass de Caissier vum Veräin deen mam DNR Kontakt ophuelen soll, d'Euro-Bongen muss een selwer laanscht op Gasperech sichen kommen a kënnen nët verscheckt gin. Wann Dir op Är Demande vum DNR den Accord kritt, sin Är Bongen GRATIS.

Fir eng Demande, fëllt dëse Formular aus :