DNR Déierenrubrik
E Gratis Service fir Iech

Hënn, Kaatzen & Co

Ass Äert Hausdéier fortgelaf oder ass Iech eent zougelaf? An eiser DNR-Déiererubrik gi mir et gären op Antenne duerch a maachen et hei public. SMS mat den Donnéeën op den 64343 oder Fax op den 408 163. Soot eis w.e.g. och Bescheed wann mir Iech konnten hëllefen an alles nees an der Rei ass.

Notzt och d'Säit vun der privater Déierenrubrik :

Klickt op d'Bild

Notzt eise Kontaktformulär fir är Donneeën :



FORTGELAF / ZOUGELAF

02.02.2012

Zanter de mueren gëtt zu Miersch an der Colmar-Bierger Strooss den Zwergschnauzer Wolli vermësst, de Mupp wunnt eréicht zanter 2 Wochen op däer Adresse, kennt sech also nit aus. Et ass e klengen schwaarz-groë Ritt, mat engem rouden Halsband un an en ass och gechippt - Tel. 26 62 10 60

31.01.2012

den 29. Januar ass am Bësch tëschent Obler a Leideléng de Mupp Charlie fortgelaaf, et ass e Ritt vun 50 Zentimeter, mat engem wäisse Pelz a schwaarz-bronge Flecken, en huet e roud Halsband mat enger Plaquette, en huet eventuell nach e schwaarze Mantel un, en ass zimlech schei - Tel. 621 71 54 25




25.01.2012

D'lescht Woch ass zu Rolléng bei Miersch eng getigert Kaatz mat laangen Hoër fond ginn, et ass e Kueder an e waart elo am Gasperecher Déirenasyl op säi Propriétaire - Tel. 48 13 13

24.01.2012

Virun 2 Deeg ass zu Remerschen en 3faarwegen Beagle fond ginn, et ass e Ritt vun ongeféier 4 Joër, en ass am Frankräich gechipt a waart elo am Gasperecher Déirenasyl op säin Propriétaire - Tel. 48 13 13

23.01.2012

Zanter enger Woch gëtt um Senningerbierg de Kueder Leo vermësst. en ass gro-schwaarz getigert, huet 2 Joër, ass zimlech grouss a kastréiert - Tel. 27 28 29 58

Gëschter am Nomëtten sinn op der Streck Iechternach Richtung Mëllerdall 2 Muppen fond ginn, eng Mudder mat engem décken rouden Halsband, Labrador-Mix a nach méi ee klengen, e Rehpinscher, dat ass en onkastréierten Ritt ouni Halsband - Tel. 661 19 02 76

Zanter gëschter gëtt zu Bäreldeng an der Rue du X Octobre e wäisse Mupp vermësst, et ass e Bichon Maltais an e lauschtert op de Numm Lolly - Tel. 661 86 10 72

20.01.2012

Gëschter ass hei an der Staadt op der Escher Strooss eng Kaatz fond ginn, si ass schwaarz a wäiss, et ass eng Mudder a si waart elo am Gasperecher Déirenasyl op hiren Propriétaire - Tel. 48 13 13

Zanter e Sonnden gëtt zu Kielen an der Kopleschterstrooss bei der Kierch de Kueder Max vermësst, en ass roud-wäiss getigert, huet ongeféier 4 Kilo, 2,5 Joër an ass normalerweis ëmmer dobannen - Tel. 30 82 21

19.01.2012

Gëschter ass am Pafendall an der Rue du Pont eng gro Kaatz fond ginn, et ass eng Mudder a si waart elo am Gasperecher Déirenasyl op hiren Propriétaire - Tel. 48 13 13

17.01.2012

Zu Hoën gëtt zanter dem leschte Weekend eng blond-brong Kaatz vermësst, si lauschtert op de Numm Misu, huet blo An an ass ganz zoutraulech - Tel. 661 65 19 76

16.01.2012

E Freiden ass op der Place Clairefontaine e Genre Labrador fond ginn, en ass chocolat-brong mat engem wäisse Fleck op der Broscht, et ass e Ritt an en ass kastréiert
e Samschden ass am Neiduerf eng roud Kaatz fond ginn, et ass e Kueder
an allebéid waarden se elo am Gasperecher Déirenasyl op hire Propriétaire - Tel. 48 13 13

13.01.2012

Geschter moien ass zu Räichel bei der Crèche ,,A Butzen" virun der Dier eng schwaarz wäiss Kaatz fonnt ginn, si ass ganz zoutraulech a verschmust - salome.freylinger@gmail.com

12.01.2012

Zu Uewerkäerjéng ass gëschter de schwaarzwäisse Kueder Jiango fortgelaaf, en huet e schwaarze Fleck op der Nues an e roude Collier mat enger Schell un - Tel. 691 79 20 20

11.01.2012

Gëschter ass um Belair e Cairn Terrier fond ginn, en ass beige mat brong, et ass eng Mudder an an der Géigend vu Fluessweiler beim Bësch ass en däitschen Schéiferhond fond ginn, och eng Mudder an allebéid waarden se elo am Gasperecher Déirenasyl op hire Propriétaire - Tel. 48 13 13

Gëschter mueren soutz e Rottweiler am Käfeg vum Gasperecher Déirenasyl, et ass e Ritt an en ass kastréiert - Tel. 48 13 13

05.01.2012

Gëschter gouf um Kiirchbierg um Boulevard Kennedy eng 3 faarweg Kaatz fond, et ass eng Mudder
Zanter e puer Deeg ass zu Bouneweg an der Rue des Trévires eng getigert Kaatz gelaaf, si huet wäiss Patten a laang Joër
Béid Kaatzen waarden elo am Gasperecher Déirenasyl op hire Propriétaire - Tel. 48 13 13

De mueren géingt halwer 12 ass zu Räichel op der Velospiste e wäiss-brongen Bullterrier fortgelaaf, e lauschtert op de Numm Linda, ganz léif awer ängschtlech - Tel. 691 25 09 79

04.01.2012

Gëschter ass zu Suessem eng Kaatz fond ginn, et ass eng Mudder vun ongeféier 2 Joër, si ass brong getigert mat laangen Hoër a waart elo am Gasperecher Déirenasyl op hire Propriétaire - Tel. 48 13 13

De Moien ass zu Befort e jonke wäisse Kueder zougelaaf - Tel.: 621 36 27 65

03.01.2012

Zanter iwert enger Woch gëtt zu Bilschdrëf an der Gemeng Rammerech de schwaarze Kueder Fly vermësst - Tel. 661 72 48 72

02.01.2012

E Freiden ass zu Bouneweg um Kaltreis e Mupp fond ginn, et ass en Tervuren Schéiferhond, brong mat schwaarz, eng Mudder mat laangen Hoër, e waart elo am Gasperecher Déirenasyl op säi Propriétaire - Tel. 48 13 13