Live Cash

zesumme mat der Loterie Nationale an nëmmen um DNR

All zwou (2) Wochen gëtt während enger (1) Woch all Dag e puer mol gespillt. Maact mat a schéckt eng SMS mam Wuert vun der Woch, wat Dir all Dag mindestens 5 mol um DNR héiert, op den 6 4 3 4 3 :

Wuert vun der Woch + äere Numm +äer komplett Adress

Gewannt all Dag Rubbellousen am Wärt vun 10 € : vu Méindes bis Donneschdes ruffen mir all Dag 3 mol bei engem Kandidat un (géint 07h30, 12h30 an 17h30 Auer) a Freides 2 mol (géint 07h30, 12h30 an 17h30 Auer). Wann de Kandidat sech um Telefon mellt, sin déi 10 € Rubbellousen vun der Loterie Nationale gewonn

GEWANNT ALL SPILL-FREIDEG SËCHER CASH

Spannend gëtt et all Spill-Freideg wann tëscht 17h00 an 18h00 Auer ee Kandidat ugeruff gëtt. De Kandidat muss sech DIREKT OP DER ANTENN mam Wuert vun der Woch mellen! Bei all aaner Wuert wéi "moien", "hallo", oder sengem eegene Numm, geet en eidel aus. Ass dëst de Fall, gëtt e weidere Kandidat ugeruff bis de CASH gewonne gouf. Och e Kandidat aus der Woch, dee schon fir 10 € Rubbeler gewonnen huet, ka Freides owes de CASH gewannen.

Mattspille ka jiddereen, dee wéinstens 18 Joer al ass.

Déi nächst Spillwoch ass vum 26. bis 29. Juli


GEWANNT dann e CASH vun : 444 €


Gléckswuert ass : PiccoBello



Entdeckt weider flott Spiller a surft bei d'Loterie Nationale