DNR Kichekueder ...
All Samschden tëscht 11 an 12 Auer

Hei fannd Dir ëmmer déi eenzel Recetten an och Informatiounen aus eiser Emissioun de "Kichekueder" erëm. Vill Spass beim nokachen. Sollt Dir e Problem gehaat hun, zéckt nët eis eng Email zeschecken op kichen@dnr.lu

Kontaktéiert de Kichekueder :


Aus den Emissiounen :

ÄISPÄRELENZALOT - e neien "aalen" Trend

Dëss Sukkulante aus Südafrika gouf fréier schonn als Summerspinat an den Zären geziicht. Online kritt een se als Som oder als Planz fir op Terrasse, hanner Glas oder dobaussen. An de Geschäfter kritt een se als Zalot déi aus Zären kennt an an der Gastronomie ass se als "Cordifole" bekannt. Googelt mol no Recetten :-)
Bestellen als Som oder Planz Online

EASY WINES vun VINALU

All Mount presentéieren mir Iech zesummen mam Lëtzebuerger Online-Magazin VINALU en interessante Wäin deen haaptsächlech geduecht ass fir Jonker oder Léit déi hier éischt Schrëtt an d'Welt vun de Wäiner maachen wellen. Weider Infos sin Online bei Vinalu

Samschdes 21. Januar : Riesling Vin moelleux 2010 vum Bastian vu Réimech

Samschdes 25. Februar : Riesling Altenberg Kabinett 2010 vum Domaine Othegraven vun der Saar vum Günther Jauch

Samschdes 24. Mäerz : Clos du Porteau Gamay "Pet Nat" 2010 e Mousseux Rosé aus dem Frankräich vun der Loire
Vinalu.lu - de Lëtzebuerger Wäinmag Online

210 Belsch Béieren am Test

Nët manner wéi 210 Béieren huet déi belsch Associatioun vun de Konsommateuren, Test-Achat geschmaacht, gestest a bewärt. Donkel Béieren, Hëller, Trappisten-Béieren, där aus Kléischter, Bières Blondes, brunes légères et fortes, Gueuzen, Krieken, bière rouege-brunes an vieille brunes flammandes.
Bières Belges - Buch "Test Achat"

3 KINNEKSKUCH (Samschdes 8. Januar 2011)

Dir braucht :
2 Rouleau Bliederdeeg (500gr)
1 Eegiel
25 gr Pudderzocker

Fir d’Frangipane :
....
Recette vum 3 Kinnekskuch

Kéisfondue "Grindelwald"

Fir d’Original Recette vun enger gudder schwäizer Kéisfondue huet eise Kichekueder Petz Sandt an der Schwäiz an de Bierger nogefroot, do wou hien virun iwwer 25 Joer mol selwer fir 2 Joer an der Kichen stoung.
Recette Kéisfondue

Kuch mat Schokola a Sauermous

Mam Sauermous am Schokolaskuch gëtt eise Kuch och méi säfteg an bléift méi laang frësch. Probéiert d'Recette emol aus a soot kengem vun ären Invitéen wat soss nach am Kuch dran ass, se wärten iwwerrascht sin...
Recette : Kuch mat Schokola a Sauermous

Orecchiette Cime di Rape

An Apulien gëtt d’Rappa a Stécker geschnidden an mat Orecchiette’en zerwéiert. An Norditalien gëtt den „Cime di Rape“ blanchéiert an mat Esseg an Ueleg als „Bollito misto“ als Bäilag zerwéiert. Am beschten et leet een de Rappa an eng Plastikstut an de Frigo wou e sech bis 1 Woch dann frësch hält. Emfrot Iech z.b. an Portugieseschen Epicerien
D'Recette vun den Orecchiette

E kulinarëschen Kalänner fir 2012

Escher Schülerinnen hun mat Top Käch aus dem Land e flotten kulinarëschen Kalänner fir 2012 am DinA3 Format erausbruecht. All Mount huet een eng interessant Recette. De Kalänner ass an all LIBO am Land ze kréien awer och an der Schoul ze bestellen.
Reserveiert Iech de Kalänner hei

Balsamico Esseg am Test

Stiftung Warentest huet op 30 "Aceto di Balsamico" getest an nëmmen 6 kruuten d'Bezeechnung "Gudd". Ënnert den Top Marken gouf souguer gefuddelt an Esseg aus décke Rommelen genotzt a plaz aus Drauwen.
Den Test vun Stiftung Warentest

Muskatkürbis Parfait

Flott als Deco : De Parfait an den Orangenschuelen agefëllt. Fir datt se besser stoen bleiwen beim afréieren, stellt se op Kach-Salz.
D'Recette vum Muskatkürbis Parfait

Tomaten Essenz mat Wan Tan's

Et gesäit aus wéi eng kloer Britt, ass awer eng aromatësch Tomatenzopp wou een och selwer gemaate Wan Tan's kann dran maachen an mat der Masse vun den Tomaten eng lekker Spaghetti zervéiert.
D'Recette vun der Tomaten Essenz

Champignons à la une

Wien zu Lëtzebuerg Champignon'en sichen geet muss wëssen : 1 Kilo op de Kapp/Dag an der Group bis 3 Kilo. Et soll een nët méi wéi 250 gr/Kapp/Dag iessen mee wat fir eng stin op der Lëscht ?
D'Lëscht vum Ministär a punkto Champignions

Nei Cuvée mat 4 Wäiner

D'Jongwënzer vun Domaine Vinsmoselle gin et schon zënter 25 Joer an se hun nom grousse Succès vum läschte Joer nees eng Serie mat interessante Wäiner virgestallt. 4 Wäiner an enger flotter Fläsch am modernen Look.
Mei Info an d'Beschreiwung vun de Wäiner am pdf

Die Essensfälscher

Wien kennt nët d'Haam aus dem Schwarzwald mat enger Foto vun de Fraa'en mam "Bollenhut" op. Wien mengt dat wär e régionale Produit aus dem Schwarzwald, deen läit falsch. Am Buch "Die Essensfälscher" wat beim Fischer Verlag eraus komm ass an 14,95 € kascht weist den Thilo Bode wat wierklech dohannert stecht. Fleesch aus Massenzuucht aus ganz Europa därf an de Schwarzwald fir gereechert ze gin. Nemmen eng vun villen Täuschungen déi den Alldag am Supermarché mat sech bréngt...
Méi Info

Südafrikanesch Mëllechtaart

Nodems den DNR Gewënner vun der Südafrika-Rées (WM2010) am Abrëll dëst Joer fir 14 Déeg um Kap war, gouf zesummen mam DNR Kichekueder Petz Sandt am Café "beim Beichtstull" zu Berbourg wou d'Rées demols gewonnen gouf e Südafrikaneschen owend organiséiert. Hei d'Recette vun der Südafrikanescher Mëllechtaart vum Gewënner Fränz Leruth als mp3 an och e Link op eng Online-Recette.

Mellechtaart

Wat ass eng "Confrérie" ?

E Sonndeg den 10. Juli ass nees Wäifest zu Ohn wat nierft de Wëntzer och vun der "Confrérie Palmbierg" organiséiert gëtt. Wat ass eng "Confrérie", wat ass hiere But a wéivill dëser gin et bei eis am Land ... lauschtert eran a gidd alles gewuer

Confrerie Palmberg

Bocuse d'Or a.s.b.l. Luxembourg sicht Sponsoren

Nodems sech 3 Kandidaten gemellt hun fir Lëtzebuerg um Bocuse d'Or 2013 zu Lyon ze vertrieden ass et elo nach e lange Wée mat Training. No der Lëtzebuerger Sélectioun de 4. Oktober 2011 muss de Kandidat 2012 de Bocuse d'Or Europe zu Bréissel bestoen fir dann am Januar 2013 géint déi bäscht aus der Welt zu Lyon ze kachen.

Gesicht gin elo Partner/Sponsoren. Mellt Iech an ënnerstëtzt esou d'Bild vun der Lëtzebuerger Gastronomie am Ausland, jo op der ganzer Welt.
Bocuse d'Or a.s.b.l. Luxembourg Online

Centser Roud Haus huet e neie Patron

De Lëtzebuerger Bocuse d'Or Kandidat 2009, de Jacques Schoumacker huet de 15. Juni offiziell d'Ouverture vu sengem Restaurant gefeiert. De sympatësche Kach steet elo op eegene Féiss a bidd eng Semi-Gastronomësch Kichen am Elterenhaus um Cents un.
Centser Roud Haus Online

Médaillen à gogo fir d'Lëtzebuerger Crémants

Um 21. concours des Crémants de France et de Luxembourg zu Mâcon gouf et fir d'Lëtzebuerger Musel am ganzen 21 Goldmédaillen an 10 Sëlwer. Gestallt waren 645 Fläschen, dovunner 91 vun der Musel.

D'Lëscht vun de Médaillen : HEI KLICKEN

Ospitalità Italiana - och Betriber hei am Land ausgezeechent

Fir d’1 zënter ville Joeren gouf och Restaurant’en baussend Italien mam Qualitéitslabel vun der italienescher Gastronomie ausgezeechend. Ënnert weltwäit 720 Betriber war och 10 Restaurant’en hei am Land
Restaurant'en zu Lëtzebuerg : HEI KLICKEN

TIPS FIR D'GRILLSAISON mat flotte Wäiner fir dobäi :

BEXEB proposéiert aus dem Portugal :

De LUSITANO, e Wäin aus dem Alentejo
deen et am Rosé, am Wäissen an am Roude
gëtt fir de Präis vun 5.27 € d'Fläsch

E flotte Wäin : gudd Präis-Leeschtung a passt
flott bei Gegrills.

Telefon fir Info & Bestellungen : 22 70 70 (Bexeb)

Vun der Lëtzebuerger Musel

Pinot Noir Rosé Sélection d’Eté 2010

Ein junger, eleganter Sommer-Rosé mit einer sehr edlen Lachsfarbe. In der Nase nimmt man feine Aromen von Erdbeeren, Kirschen und roten Früchten wahr. Der optimale Wein, um ihn gekühlt an heißen Sommertagen zu genießen.

Füllmenge : 6 x 75cl ... Preis : 33.66 € ( 5,61 € / Fläsch ) an de Kellereien vun "Les Domaines de Vinsmoselle"

NEI : PLANET BARBECUE

De Professer Barbecue, de Steven Raichlen aus den USA ass während 3 Joer ëm d'Welt gereest a brengt iwwer 200 Recetter aus 53 Länner mat, mat villen Tips an Trick vun Grillexpert'en aus der ganzer Welt.

D'Buch aus dem h.f. ullmann Verlag ass fir 21 € op Bestellung bannend engem Dag bei de Libo'en zu Lëtzebuerg ze kréien.

ISBN : 978-3-8331-5964-0
Infos zum Buch "Planet Barbecue"

Weider Informatiounen ronderem den Auteur Steven Raichlen kritt Dir Online


EIS RECETTEN FIR NO ZE KACHEN :

Bettseecheschzalot

Wat elo eis Zalot ugeet, sou kënnt Dir d’Bettseechesch selwer stiechen goen, mä denkt drun se net direkt laanscht eng Strooss ze huelen oder do wou déi ganz Cité mat den Hënn Gassi geet.
Bettseecheschzalot

Rabonzel's Zalot mat Ueleg vun dékke Nëss

D’Zalot gutt wäschen a propper maachen. Champignon’en botzen (am beschten net wäschen mä d’Schuel mat engem Knäipchen ofzéien) an ...
Eis Recette mat de Rabonzelen

Südtirouler Käschtenhäerzer

Wëll mer vum 19. bis 26. Fébruar a Südtiroul an eiser DNR Fuesvakanz sin proposéieren mir Iech eng Spézialitéit vun dohannen, eppes séisses fir nozemaachen
D'Recette mat engem Video

Mullen "à la Aphrodite"

D’Aphrodite war jo déi grieschech Göttin vun der Léift an huet de Légenden no esou munnech Männer vernascht. Eng flott Recette fir Vältesdag
D'Mullen à la Aphrodite

PESTO RUCOLA (oder BÄRLAUCH)

D’Basis vun engem gudde Pesto ass einfach e gudden Olivenueleg. Deen geheiert grad esou dobäi wéi e gudden gerappte Parmesan – wou een sech och net soll lompen lossen.
Recette vum Pesto

BACALHAU A GOMES DE SA

Oppassen wann Dir de Bacalhau kaaft, huelt hei net grad deen bëllegsten mä rechent mat 12 bis 15 € de Kilo an e soll wéinstens 3 cm héich sinn am gedréchenten a méi wäiss am Fleesch
Recette vum Bacalhau a Gomes de Sa
Weider Recetten vum Kichekueder :

Kk Quiddenlik _r Rezept Vum Lucienne Vu Remeleng