| GALETTE DES ROIS |
|---|
Dir braucht :
2 Rouleau Bliederdeeg (500gr)
1 Eegiel
25 gr Pudderzocker
Fir d’Frangipane :
200g d'amandes en poudre
80g Pudderzocker
100 g Botter (Zëmmertemperatur)
2 Eegiel
(2 Schluppe Cognac)
Frangipane maachen :
D’Mandelen am Pudder an eng Schossel gin zesummen mam Pudder, dem Eegiel, dem mëllen Botter (an dem Cognac). Déi ganz Mass opschloen.
Den 3-Kinnekskuch maachen :
- Den Uewen op 200 Grad erhëtzen
- Den éischten Bliederdeeg an eng liicht gebottert Form leeën (oder Baakpabéier notzen)
- D’Frangipane drop verdeelen bis 2 cm virum Bord
- De Bord mam Fanger liicht ufiichten
- Den zweeten Bliederdeeg drop leeën an op de Bord’en e bëssen undrécken
- Mat der Messerspëtzt e Karo Muster liicht op de Bliederdeeg aritzen
- Eegiel mat e bëssen Waasser vermëschen an mat engem Pinsel op den Bliederdeeg uewen drop verdeelen
- Mat engem Messer op 3 bis 4 Plazen den ierwëschten Bliederdeeg aschneiden datt den Donst beim baken eraus kann
- De Kuch 20 Minutte baken, eraus huelen, e bëssen Pudderzocker doriwwer maachen an nees fir 5 bis 10 Minutte baken.
