KK - Rucola Pesto
Pesto mat Rucola oder Bärlauch
Fir eise Pesto brauchen mir (4 Léit) :

120 gr Rucola (Raucke) oder elo am Fréijoer 120 gr Bärlauch
30 gr Péiterséileg (am bäschten den sougenannten ital. Péiterséileg déen mei platt ass. Dësen ass och méi intensiv am Gou)
30 gr Pinienkären
30 gr Parmesan gerappt
1 bis 2 Zéiwen Knuewelek
125 ml Olivenueleg (keen ze vill "nossegen")

Rem.: D’Basis vun engem gudde Pesto ass einfach e gudden Olivenueleg. Deen geheiert grad esou dobäi wéi e gudden gerappte Parmesan – wou een sech och net soll lompen lossen.

D’Blieder vum Péiterséileg mat dem Rucola (oder Bärlauch) wäschen an dréchenen loossen. D’Blieder graff mat enger Scheier schneiden. An enger Teflon-Paan d’Pinienkären ouni Fett e bëssen réischteren. An engem Mörser d’Pinienkären, de Knuewelek, de Rucola an de Péiterséileg zerstoussen an de Parmesan mat drënner verschaffen. Dann kënnt den Olivenueleg dobäi, gutt mëschen, salzen a pefferen. Wien keen Mörser huet kann och de Mixerstab huelen. Oppassen; hei net ze laang goen loossen.

De Pesto gëtt herno mat de frësch „al dente“ gekachten Nuddelen vermëscht, jee no Gou esou vill wéi een wëll. Als Nuddelen kann een z.b. Spaghetti’en huelen.