KK - Bettseecheschzalot
Bettseecheschzalot

Wat elo eis Zalot ugeet, sou kënnt Dir d’Bettseechesch selwer stiechen goen, mä denkt drun se net direkt laanscht eng Strooss ze huelen oder do wou déi ganz Cité mat den Hënn Gassi geet. Stiechen geet een vun elo un bis Enn Abrëll. Natierlech ass se am beschten wann se nach ganz jonk ass, nach net ze vill Gréng. Dacks fënnt een exzellent Bettseechesch, hellgréng bis wäiss an de Maulefshiwwelen. Dir kritt se awer och dëser Deeg praktesch an all Supermarché ze kafen.

Preparatioun 1 (fir 4 Persounen) :
Eng Schossel voll gebotzter Bettseecheschzalot (ongeféier 500 gr)

1 oder 2 gekachten Eeër
1 Iessläffel Moschtert
Ueleg
Esseg
Peffer a Salz
1 kleng gekachte Gromper
Gehaakte Péiterséileg
1 kleng Schallott
Maggi
Speck geschnidden

De Moschtert an e bëssen Esseg opléisen a Salz a Peffer dobäi maachen. Dann lues den Ueleg dobäi schëdden an ëmréieren. Bannen mat der Gromper déi mer zerdrécken. Dann kennt déi gehaakte Schallott dobäi an de meeschten Deel vum gehaakte Péiterséileg mat e puer Spëtzer Maggi. Dat hartgekachtend Ee kleng schneiden an ënnert d’Zooss ginn an dann dat ganzt mat der Zalot mëschen an dresséieren. Als Garniture op d’Zalot kënnt dann de Speck deen mer a kleng Stecker geschnidden hunn (an an der Pan knuspereg gebroden), dat aanert Ee wat mer a Scheiwen geschnidden hunn an de Rescht vum gehaakte Péiterséileg.



Preparatioun 2 (fir 4 Persounen)
D’selwecht wéi d’Preparatioun 1 mä ouni Ueleg an zousätzlech :

2 Scheiwen Wäisst Brout
4 Scheiwen Speck
Schmalz
Botter
Peffer
Esseg

D’Brout gëtt a Wierfelen geschnidden vun +/- 1cm, de Speck schneiden mer an dënn Sträifen. De Speck gëtt dann am Schmalz knuspereg gebroden. Déi puer Iessläffelen Esseg ginn mam Peffer verréiert deen mer frësch gemuelen hunn. An enger 2. Pan réischteren mer eis Broutwierfelen goldeggiel am Botter ( de Botter kann een och ewech loossen wann een eng Pan mat Antihaft-Beschichtung hellt ). Elo muss alles séier goen : D’Esseg Peffer Zooss mat der Zalot mëschen, de Speck drop maachen dann d’Brout. Dat ganzt zesummen gutt vermëschen an eventuell mat e bëssen Salz ofschmaachen an direkt zerwéieren.

Bettsäächertage im Naturpark Saar-Hunsrück