KK Tomaten Essenz mat Wan Tan's
Recette

Tomaten-Essenz mat Wan Tans

Proportiounen fir 4 Leit :
- 2 kg zeideg an aromatesch Tomaten
- 1 Staang Zitrounegras
- 1 Knuewelekszéiw
- 3 Stiler Basilikum (Thai)
- 1 Iessläffele Roudewäinesseg
- Miersalz, Peffer, Zocker
- Koriander fir d’Garnitur

Fir d’Wan-Tans :
- 20 gr. Gingembre
- Frësche Koriander
- 100 gr réi Grillwurscht (rengt d’Fleesch)
- 1 rout Chilli
- 12 Wan Tan Blieder (Tiefkühler)
- Tomate, Salz

Recette :
Tomaten fir d’Essenz wäschen a graff wierfelen. Zitrounengras a Stecker schneiden, Knuewelek botzen an alles zesummen mat dem Basilic an dem Esseg an enger Schossel kuerz püréieren, awer net ze kleng.

Dat ganzt mat Miirsalz, Peffer an Zocker liicht würzen an an engem Kichenduch wat mer gutt kal ofgewäsch an ausgedréckt hunn abannen, zoustrécken (mat Kichenficelle) an iwwert eng Schossel hänken a wéinstens 5 bis 7 Stonnen ofdrëpsen loossen. Um Enn kann een liicht mat der Hand nodrécken, net ze vill well eise „Jus“ kloer ass an d’Faarfstoffer am Duch hänken.

De Rescht vun der Tomatenmasse aus dem Duch kann een wonnerbar notzen fir op frësch ofgekachte Nuddelen ze maachen. Mat dëser Mass vun 2 Kilo Tomaten kritt een gär 4 Portiounen „Spaghetti’en“ eraus : Nodeems een Spaghetti’en „al dente“ ofgekacht an opgeschott huet mécht een am Dëppen e bëssen Olivenueleg waarm. Dann kënnt fir e puer Minutten dës Rescht Tomatenmasse drop, Salz a Peffer an dann gin déi nach waarm Spaghettie drënner gemëscht.

Fir eis Wan Tan’s :

De Gingembre an de Koriander ginn fein gehaakt, d’Masse aus de Wurschten erausgedréckt an mam Koriander an dem Gingembre gemëscht. De Chilli aus deem mer d’Kären geholl hunn gëtt reng geschnidden an ënnert d’Masse gemëscht

Op d’Wan Tan Blieder maachen mer e bëssen vun dëser Fleeschmasse, maachen den Deeg ronderëm mam Fanger oder engem Pinsel e bëssen naass an diebelen dëse zesummen. Déi fäerdeg gediebelt Wan Tan’s leeën mer op engem Stéck Baakpabéier zesummen bis mer se all fäerdeg hunn a pochéieren se ongeféier 7 Minutten am Salzwaasser.

Déi pochéiert Wan Tan’s (oder fäerdeg kaaften a pochéiert Ravioli’en oder Tortellini’en) leeën mer an eisen Zoppenbol a schëdden déi waarm gematen Tomaten-Essenz driwwer. E puer kleng Tomate-Cerise’n kann een och an déi waarm Britt leeën. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an zerwéieren.