KK Muskatkürbis Parfait
Muskatkürbis mat Oranjen an Kürbiskäre-Krokant (fir 4 Persounen)

200 g Muskatkürbis
2 Orangen
1 Vanillestang
E bëssen Canelle
1 – 2 Iessläffele Orangenlikör (Grand Marnier)
2 Eewäiss
E bëssen Salz
50 g Zocker
100 g Schlagsahn
100 g Caramel-Kamellen (fester wéi Werters Echte)
2 bis 3 Iessläffele gehaakten Kürbiskären

D’Orangen an der Mëtt opschneiden, de Jus auspressen an aus der Schuel de Rescht auskrazen. Eng schmuel Sträif Baakpabéier schneiden, zesummen pechen an an déi eidel Schuel asetzen fir spéider d’Mass anzefëllen a kal stellen. Fir datt d’Orangen stoen bleiwen, stellt se op Grafft Salz op e Plateau.

Vum Kürbis schneiden mer d’Schuel erof an dann de Kürbis a kleng Stecker. Déi ginn mat dem Orangejus, der Vanillestang an dem Canelle agekacht (wéinstens 15 Minutten). Drënner mëschen mir de Likör a püréieren dat ganzt mam Mixer a loossen et ofkillen.

D’Eewäiss mat enger Prise Salz gëtt opgeschloen wou der dann lues a lues den Zocker drënner mëschen. Duerno klappen mir de Schlagsahn deen mir als éischt ënner eis kal Kürbismasse hiewen, duerno gëtt de Schnéi ganz douce drënner gehuewen (oppassen datt een nët zevill dran réiert soss fält déi ganz Masse zesummen a mir verléieren eis Liichtegkeet am Parfait).

D’Masse gëtt dann an eis Formen agefëllt a wéinstens 5 Stonne am Tiefkühler kal stellen.

Fir de Krokant huelen mir eis Kamellen déi mer am Mixer zu „Pudder“ verklengeren oder am Mörser zerstoussen. De Pudder iwwert eng Passette op e Blech mat Kichepabeier zu Rondelen verdeelen a gehaakte Kürbiskären driwwer streeën. Ënnert dem Grill am Uewen mat „Oberhitze“ fir 30 Sekonnen karamelliséieren loossen, eraus huelen an ofkillen loossen.

De Parfait soll een am beschten 15 Minutten virum zerwéieren eraus huelen a flott op en Teller dresséieren. Der Fantasie sinn keng Grenzen gesat.

Klengen Tipp D’Mass mam Kürbis kann een och emol an méi enger grousser Quantitéit virmaachen an a Portiounen afréieren. Loosst är Mass gutt „akachen“ datt manner Flëssegkeet dran ass, well wat manner Flëssegkeet wat äre Parfait manner „ver-äist“ schmaacht.