KK Orecchiette Cime di Rape
Orecchiette Cime di Rape

An Apulien gëtt d’Rappa a Stécker geschnidden an mat Orecchiette’en zerwéiert. An Norditalien gëtt den „Cime di Rape“ blanchéiert an mat Esseg an Ueleg als „Bollito misto“ als Bäilag zerwéiert. Am beschten et leet een de Rappa an eng Plastikstut an de Frigo wou e sech bis 1 Woch dann frësch hält.


Fir 4 Persounen :

500 gr Orecchiette
800 gr Cima di Rapa
2 Ënnen
2 Zéiwen Knuewelek
E bëssen Chiliflokken
8 Iessläffele Olivenueleg
8 gedréchent Tomaten
150 gr frësch gerappte Kéis (Grana Padano, Parmesan oder Pecorino)
Peffer
8 Anchois


Recette :

Den Cima di Rapa botzen, holzeg oder huel Stiler ewech geheien. Blieder vun de Stiler rappen a wäschen. D'Stiler an d’Knospen fir d’éischt am Sauerwaasser 4 Minutten blanchéieren, dann d’Blieder dobäi ginn an nach 1 gutt Minutt kachen loossen. Mam Schaumläffel d’Geméis aus dem Waasser huelen, am kale Waasser ofschrecken an ofdrëpsen loossen. Am Kachwaasser vum Geméis ginn d’Orecchiette „al dente“ gekacht. An där Zäit d’Ënnen an de Knuewlek haaken an dann an enger Paan mam Olivenueleng kuerz undämpen, den Cima di Rapa graff haken/schneiden an mat an der Pan undëmpen. D’Anchovis an déi gedréchent Tomaten a Stecker schneiden an drënner mëschen. Nieft de Chiliflocken och nach pefferen an e bëssen Kachwaasser dobäi ginn. Nuddelen ofschëdden an mam Geméis an der Pan mëschen a während 1 Minutt an der Pan duerchzéien lossen. Zerwéiert ginn d’Nuddelen op engem Teller mat frësch gerapptem Kéis drop.