KK Kéisfondue
Kéisfondue fir 4 Persounen

(Recette vum Gasthof Panorama vu Grindelwald)

- 600 gr Kéis gerappt (45% Emmenthaler, 45% Gruyère an 10% Appenzeller)
- 4 dl liichte wäisse Wäin
- 2 Kaffisläffelen Maizena (gestrichen)
- 2 Glieser Kiischtendrëpp ( zirka 5 cl )
- Peffer, Muskotnoss gerappt
- 1 Zéif Knuewelek

D’Zéif Knuewelek an 2 schneiden an de Caquelon domadder aréiwen (Buedem an d'Säit). Mam Wäin op d’Plack stellen a waarm maachen. Dann de gerappte Kéis an Etappen dran maachen an permanent réieren (an Form vun enger 8). Ass de Kéis geschmolt an d’Fondue fänkt un mat opkachen gëtt se nach mat e bëssen Maizena gebonnen deen mer an der Drëpp opgeléist hunn. Kuerz opkachen loossen, mat Peffer aus der Millen an e bëssen frësch gerappten Muskotnoss würzen an zerwéieren.


Informatiounen iwwert de Gasthof Panorama : Klickt op d'Foto vun der Kéisfondue