I love you Phillip Morris

Den Steven Russel ass een Mann, deen een klassescht Liewen féiert. Hien spillt Uergel am Kierchechouer, ass bestued a huet mat senger Fra Debbie och déi kleng Duechter Steffie. Sie wunnen an engem schéinen Haus. An hien schafft als Polizist. An alles schenkt perfekt ze sinn. Schenkt. Well waat bis dato nach keen wees, daat ass, dass den Steven Homosexuell ass. Mee wéi hien een schroot Autosaccident iwwerliewt, steet fir hien kloer, dass hien vun do un seng Sexualitéit muss ausliewen. Hien trennt sech vu senger Fra, a féiert een Liewen a Saus a Braus. Mecht sech selwer a sengem Frend Jimmy deier Kaddoen, deet sech emmer dem Trend no un, a léisst keng Party aus. An lo froot dir ierch bestemmt: Ma wéi kann deen sech daat dann iwwerhaapt leeschten. Majo den Steven Russel ass een Mensch, deen sech déi interessants Saachen afaalen léisst, fir emmer flësseg ze sinn. An doweinster kennt hien dann och an de Prisong. An do léiert hien den Phillip Morris kennen, d’Léiwt vu sengem Liewen. An vun do un fänken seng Problemer reischt richteg un.

UTOPOLIS. Originalfassung (F, NL): Freitag 12.00, 14.30, 17.00, 19.30, 22.00; Samstag 14.30, 17.00, 19.30, 22.00, 24.15; Sonntag 14.30, 17.00, 19.30, 22.00; Montag bis Donnerstag 12.00, 14.30, 17.00, 19.30, 22.00.

CINEBELVAL. Originalfassung (F, NL): Freitag, Samstag 14.00, 18.00, 20.10, 22.20, 24.30; Sonntag bis Donnerstag 18.00, 2010, 22.20.

Drama (USA 2010) Regie und Drehbuch: Glenn Ficarra, John Requa. Mit Jim Carrey, Ewan McGregor, Leslie Mann, Rodrigo Santoro. Drehbuch: Kamera: Xavier Pérez Grobet. Musik: Gary Calamar.