Avant-Première: The Karate Kid

DNR an Télécran presentéieren d'Avant-Première vun Karate Kid, en Dënnsten, 13ten Juli um 16h00 (op däitsch) an um 19h00 (an Original) am Utopolis.

An der Haaptroll spillen den Jaden Smith (den 13 Joer jonke Bouw vum Will Smith!!!) an den Jackie Chan.

Den 12 Joer jonken Dre Parker plënnert mat senger Mamm vun Detroit op Peking (Beijing). Dat geheit dem Dre säin Liewen natirlech komplett op d'Kopp, zemools well
hien Schwieregkeeten huet, sech anzeliewen.
An direkt den éischten Dag leet hien sech dann och nach mat de Kläpper op der Plaz un. An wéi wann dat net schon
schlëmm genuch wier, verléift hien sech och nach an dat schéint Meedchen Mei Ying, dat eben mat dësen Typen ronderemhängt.
Op eemol stinn 5 esou schro Typen virum Dre a wëllen hien zerhaen, mee dunn taucht onverhofft den Hausmeeschter Mr. Han op, an hëlleft him. Hien ass e Kung-Fu Meeschter an den perplexen Dre freet hien dann och direkt, fir dass dësen säin Trainer kéint ginn. Vun elo un sollt sech alles am Dre sengem Liewen änneren. Well duerch den haarden Training soll den Dre esou gutt ginn, dass hien säin Respekt erëmkritt.....

Gewannt bei eis äer Billjee'en fir op enger vun den 2 Avant-Premièren dobai ze sinn.

E Meinden ass bei eis um DNR Karate Kid Dag!