Max Herre-Ein geschenkter Tag


Et ass schon een komechen Wee den den Max Herre gewielt huet: firun en puer Joer war hien nach den MC vun Freundeskreis den d’Welt verbesseren wollt, sengem Onmut fräien Laaf gelooss huet an géintdéi selechen Plattitüten vun der Gesellschaft gekämpft huet. Seng Crew, wéi gesoot Freundeskreis, war an Staat an Land bekannt an wuel keen hat déi Zäit geduecht dat den Stuttgarter een Singer an Songwriter Album géing erausbrengen, den esou vill mat Hip Hop ze din huet wéi den Paul Potts mat Rock. An trotzdem ass et dem Max Herre gelong een intressanten Longplayer opzehueln den extrem entspaant dohier kennt an bannent enger Woch vun enger Live-Band opgeholl an enregistréiert gouf. Natiirlech dreckt den Max zolitt op d’Tréinendrüse an en puer Themen sin einfach schon ze dax behandelt gin. Mee d’Art an Weis wéi den Museker sech hei goen léisst ass einfach iwwerzeegend an berouegend. Den idealen Album fir z.B. am Auto während der Rush Hour ze lauschteren.