Dredg-The Pariah, The Parrot, The Delusion
4 Joer no hirem leschten Album kennt DREDG zereck mat engem musikaleschen Breif.
E Breif deen vill wichteg Messagen enthaelt, Inspiratiounen aus dem Essay `Imagine There’s No Heaven: A Letter to the 6 Billionth Citizen" vum bekannten Schreftsteller Salman Rushdie.
Mee wien ass DREDG, waerten sech vill Leit elo froen.
Majo des alternative/progressive Band gouf 1995 an der San Francisco Bay Area gegrennt an dei 4 Jongen gin oft als Art-Rocker gestempelt weint hirem eenzegartegen Musekstil deen souwuel aal musikalesch Influenzen aus den 20er an 30er Joeren wei och poppeg an rockeg Influenzen aus den modernen 80er an 90er mescht.
Ausserdeem hun sie en eenzegartegen Saenger mat enger kloerer Stemm deen dachs vun Dagesdreem a komeschen Zukunftsperspektiven saengt an deen wees wie een sech vun sengen schlechten Gewunneschten, wei Drogen an Alkohol, wegsaengt.
DREDG ass zwar eng Band die nach relativ onbekannt ass mee speitstens no desem Album dierft se mei wie engem e Begreff sin.
Daat well awer net heeschen dass dei Alben virdrun, `Leitmotiv`, `El Cielo`, `Catch without Armes`, `Live at Fillmore` am Schied vum neien Album stinn, well d’Band huet fir all Album eng aaner Approche an Methode ugewandt die aus jidder Album en Masterpiece mecht ; an wien sech dovunner well iwerzeegen loossen deen kann DREDG den 21 Oktober am Atelier live gesinn an heieren.