D’Grunge Legenden sin zereck : Alice in Chains hun mat hirem neien Frontmann William DuVall nees zueneen fonnt an présentéiren een neien Longplayer den sech „Black Gives Way to Blue“ nennt an absolut gelong ass! Vill Fans waren skeptesch an hun gemengt do géing näicht Gescheites dobäi erauskommen mee d’Band em den Jerry Cantrell beweisen dat sie nach emmer exzellent strukturéiert Songs schreiwen kennen, gedroen vum Jerry sengen genialen Riffs an wonnerschéinen Melodien. Natiirlech ass d’Stëmmung éichter dépressiv, mee genee dat huet Alice in Chains vun je hier ausgemaach. Eng schleefend Batterie, een schéinen Solo an dem William DuVall seng zäitweis soulech Stëmm suergen dofir dat „Black gives way to Blue“ een wonnerbart Steck Musek gin ass. Déi éicht Singleauskopplung déi sech d’selwecht wéi den Longplayer nennt ass een Tribut un den 2002 verstuerwenen Frontmann Layne Staley an geet esou wéi villes bei Alice in Chains einfach nemmen ennert d’Haut!