D’Shakira haat hiren selëchen Fans narwell en bessen Angscht gemaach wéi d’Kënschtlerin bekannt gin huet, dat sie ob hirem neien Album „She Wolf“ eppes Neies ausprobéiren wéillt. Vill Leit hun gemengt dat géing souwisou näicht gin an d’Kolumbianerin haett besser sech ob hier aal Stärkten ze besënnen. Elo ass et esou dat den Superstar op „She Wolf“, dem neien Longplayer, een gudden Kompromiss tëschent klasseschem Shakira Sound an neien Kläng fonnt huet, den all Mensch misst zefridden stellen. D’Single, déi sech jo och „She Wolf“ nennt, wees hei genee esou z’iwwerzeegen wéi d’Kollaboratioun mam Wyclef Jean op „Spy“. Wann een dësen Album bis duerchgelauschtert huet dann wees een firwaat d’Shakira bis elo méi wéi 50 Milliounen CD’en verkaaf huet, d’Qualitéit vun der Musek get d’Aentwert!