Michael Bublé: Crazy Love

Iwwert den Michael Bublé gin et un sech just zwou Meenungen : déi eng, seng Fans, stin ob dem Museker säin Style an säin Optrieden, déi aaner, seng Kritiker, werfen dem Kanadier fiir einfach ze „perfekt“ wëllen ze sin, näicht ze riskéiren an firun allem ze brav ze sin. Natiirlech ass och den neien Longplayer esou: alles klengt glaat, sober an frëndlech. Mee wëllt een vum Michael eppes aaneschters héiren? Well an dem waat hien mecht, neemlech schéin Popsongs mat senger Stëmm ze vereedlen kann esou séier keen aaneren Museker him d’Waasser reechen. Stecker wéi „Haven’t met you yet“ oder och nach den Opener „Cry me a river“ beweisen dat den Museker een absoluten Perfektionist ass, den genial mat senger Stëmm emgoen kann. Fazit: Wou Michael Bublé dropsteet ass eben och Michael Bublé dran.