Den Robbie Williams ass zereck an dat no 3 Joer voller Problemer, Dépressiounen, Drogenexzesser an Ufo-Sicherei. Noom Flop vun „Rudebox“ hat et een Amment esou ausgesin wéi wann den Museker sech net méi géiferkéiren, mee do hat een sech wuel getäuscht. Mam neien Longplayer „Reality killed the Videostar“ beweist den Williams dat hien nach emmer zu den gréissten Sänger an Entertainer vun eiser Zäit gehéiert an léisst an verschiddenen Songs esou guer Hoffnung duerchblecken. Iergendwéi get een d’Gefill net lass wéi wann den Ex-Take That Member elo erwuessen gin wier an mat enger gewessener an virunallem gesondener Distanz op säin „aalt“ Liewen géing zereckkucken. Fest steet dat den neien CD vum Superstar absolut gelong an agreabel ze lauschtren ass an näicht méi mam experimentellen „Rudebox“ ze din huet. Robbie is back!