Alicia Keys-The Element of Freedom

Den 5ten Album vun der Grammy-Gewënnerin Alicia Keys ass vun der Musekerin aus eng Art „Schock“ fir d’Fans ugekënnegt gin, et kennt een hei grouss Verännerungen mierken. Ganz sou krass ass et dann awer net komm: „The Element of Freedom“ kann aus typeschen Keys Album bezeeschent gin, bei dem flott Soul, R&B an Pop Lidder sech mat Texter voller Hoffnung, Léift an Optimismus verbannen an sou eng gewëssen „Wuelfill-Atmosphäre“ verbreeden. Dem Alicia gleckt et emmer nees op en Neits hier wonnerbar, kräfteg Stëmm esou anzesetzen, dat all Lidd zu eppes Besonneschem gët, wéi een dat bei der éichter Single „Doesn’t mean anything“ schon mierken konnt. Och d’Instrumentaler passen nees perfekt zum Alicia Keys hirer Perséinlechkeet sou dat „The Element of Freedom“ extrem ronn an harmonesch klengt. Den nexten Grammy schéingt net wäit ewesch ze sin!