Mary J Blige-Stronger with each Tear

D’Mary J Blige hat et nie einfach an hirem Liewen. Opgewuess an der New Yorker Bronx huet d’R&B Diva sech selwer aus dem Mix vun Alkohol- an Drogenkonsum gerett an hat och an hirer Carrière net nemmen schéin Momenter. All dës Erfahrungen veraarbescht d’Musekerin an hirem neien Longplayer „Stronger with each Tear“ an dës Emotiounen héiert een och an all eenzelem Lidd däitlech eraus. Den Sound vun Mary J Blige war jo nach emmer vun staarken Gefiller geprägt mee esou wéi d’Sängerin sech hei présentéiert huet een sie nach net erliewt. Dat kennt dem Album natiirlech ze gudd, et kann een sech einfach richteg gudd an déi erliewten Geschichten eranversetzen. Natiirlech sin och nees Disko-Compatible Stecker drop wéi z.B. „Good Love“ mam T.I. Mat „Stronger with each Tear“ beweist d’New Yorkerin dat sie zu der absoluter Spëtzt vun der internationaler R&B Szen gehéiert.