Timabland-Shock Value 2

Timbaland-Shock Value 2


Den Timbaland gëlt am allgemengen aus den beschten Produzent den et an der aktueller Musekbranche gët: Leit déi heirunner zweiflen soll ondedengt an säin neien Longplayer „Shock Value 2“ eranlauschtren. Hei beiweist den Amerikaner dat hien mat Kënschtler aus allen méiglechen Museksparten zesummenschaffen kann: egal op Rock, Hip Hop, Pop, Soul oder R&B den Timbaland verseet et fir all Artist den richtegen Instrumental ze bastlen, wéi emmer mat sengem ganz speziellen Timbo-Touch. Keen Wonner dat Leit an Bands wéi The Fray, d’Katie Perry, den Chad Kroeger vun Nickelback oder och nach den Justin Timberlake schlaang stoungen firm am Timbaland ze schaffen. Mat „Schock Value 2“ ass dem Timbaland demno een Album gelong den vill Leit misst uschwätzen eben grad well en eng grouss Oofwiesslung ze bidden huet.