30 Seconds to Mars-This is War

30 SECONDS TO MARS-THIS IS WAR


D’30 Seconds to Mars sin zereck : d’Band em den Frontmann Jared Leto, den jo aus Filmer wéi Panic Room oder och nach Fight Club bekannt ass, présentéirt mat „This is War“ een Album den alt nees vun Kitsch, Theatralik an pompösen Arrangementer liewt. Dat ass natiirlech net d’Saach vun all Mensch an vill Kritiker werfen den 30 Seconds to Mars fiir sech ze dax ze widderhuelen, hei géing alles mat Kalkül produzéiert gin. „This is War“ ass awer definitiv dowärt gelauschtert ze gin. Den Jared Leto variéiert tëschent wonnerschéinem Gesang an wëllem Geshouts an d’Songs um neien Longplayer gin vun verdreemt op agressiv. En plus fällt op dat hei wierklech alles bis an den leschten Detail ausproduzéiert gouf, den Sound ass einfach nemmen kristallkloer. En plus krit een dës CD mat verschidden Cover-Artworken, et ass also un Ierch den Choix ze treffen!