Adam Green-Minor Love

ADAM GREEN-MINOR LOVE


Den Adam Green ass een Phenomen: biselo huet den Museker et faerdeg bruecht sech fir all Longplayer nei z’erfannen an och fir Minor Love ass dat nees net aaneschters. Den Adam huet neemlech grad déi schwéiersten perséinlech Krise an sengem nach jonken Liewen hannert sech: no laangen Joren an enger Bezéiung ass den Kënschtler nees solo ennerwee. An dat kennt Minor Love ze gudd: d’Stëmmung ass melankolesch, d’Texter schiewen tëscht Fustratioun, Verzweiflung an awer och Hoffnung, et kann een sech exzellent an dem Adam Green säin Gemittszoustand eranversetzten. Et kennt engem esouguer heiandsdo esou fir wéi wann een den Sänger géing perséinlech kennen, an domadder huet „Minor Love“ säin But erreescht!