Dir kennt dat Gefill: et keeft een sech een Album an beim éichten Duerchlauschteren bleiwt einfach näicht hänken an vläit mecht sech schon en bessen Entäuschung breed. Mee spéitestens beim 2ten oder 3ten Duerchlauschteren fennt een eraus dat een et hei mat engem ganz intressanten Longplayer ze fin huet: genee esou ergeet et engem wann een „Contra“ vun Vampire Weekend lauschtert. Den Longplayer wierkt op éichten Bleck onduerchsichteg mee wann een Lidder wéi „Holiday“, „Cousins“ oder „Run“ lauschtert dann krit een dës Melodien no kuerzer Zäit net méi aus Kapp eraus. En plus stëcht nach eppes eraus: d’Grondstëmmung vun dësem Album ass einfach nemmen positiv, d’Lyrics voller Hoffnung! Vampire Weekend sin also definitv eng Band déi een sech mol eng Kéier ulauschtren soll.