OWL CITY-OCEAN EYES

Den Adam Young ass een Phenomen: den Museker bezeeschent Owl City zwar aus eng Aart Band, an Wierklechkeet ass et awer een Solo-Projet: d’Instruementer, d’Arrangementer an d’Lyrics kommen alleguer vum Adam alleng. Monotonie kennt awer net op: wéi d’Hitsingle „Fireflies“ schon beweist, huet den Young een exzellent Gefill fir schéin Melodien déi duerch den herrleschen Gesang oofgeronnt gin an esou eng Unitéit forméiren. Den Longplayer „Oceaneyes“ iwwerzeegt dann och op ganzer Ligne, hei ass keen Titel iwwerflësseg! Den Adam Young wollt eppes Grousses erschaafen an dat ass dem Amerikaner och definitv gelongen, a new star is born!