D’Florence Welch mecht sech vill Gedanken: den Mastermind hannert Florence and the Machine këmmert sech an hiren Texter am léiwsten em den Doud, verflossen Léift oder och nach Trennung. Wen elo mengt den Longplayer „Lungs“ wier doduerch traureg an géing och esou klengen, den iert. D’Florence baut dës Themen neemlech an Lidder voller Power an déi einfach nemmen Spaass maachen. En plus spillt d’Ironie an den Lyrics vun Florence and the Machine eng wichteg Roll. An esou ensteht eng Mëschung déi „Lungs“ einfach zu engem gelongenen Album mëcht, dun vun Innovatioun nemmen esou strotzt an riskéiert engem fir eng laang Zäit net méi aus dem Kapp ze goen. Fazit: Popmusic at it’s best!