John Mayer-Battle Studies


Wann dir een CD sicht den dir z.B. ganz relax doheem an der Stuff bei engem gudden Glaas Rouden lauschtren kënnt, dann ass den John Mayer definitv aeren Mann! Op sengem neien Longplayer „Battle Studies“ féiert eis den zu Atlanta gebuerenen Songwriter an seng Welt an: eng Welt voller schéiner Melodien, duerchduechtener Songstrukturen an Texter mat Kapp an Fouss. Dobäi wierken all d’Lidder extrem entspaanend, em John Mayer seng Stëmm dréit natiirlech een groussen Deel dozou bäi. Wann een „Battle Studies“ lauschtert, dann wees een firwaat den Mayer esou vill Succés huet an 7 Grammy’en gewonn huet. Een staarkt Steck Musek!