LIFEHOUSE-SMOKE 'N MIRRORS

Schon 2009 sollten Lifehouse mat engen neien Studioalbum erauskommen, mee den Datum ass emmer nees no hannen vereckelt gin. Grond heifir soll och een gewëssenen Chris Daughtry gewiercht sin, den op „Smoke `n Mirrors“ der Band en bessen ennert d’Aerm gegraff huet. Den neien Longplayer klengt definitiv nees no dem typeschen Lifehouse Sound mee et kann een awer eng gewëssen Maturitéit an eenzelnen Songs feststellen, déi et esou soss net gouf. Lidder wéi „Nerv Damage“ oder och nach „Crash and Burn“ weisen d’Band vun enger rockeger Säit déi hinnen gudd steet an natiirlech sin och d’Lyrics nees gewinnt perséinlech gerooden. A propos Chris Daughtry: op „Had enough“ ass den Sänger dann och stëmmlech ze héiren, definitv een Highlight op „Smoke `n Mirrors“! D’Waarden op déi nei Lifehouse huet sech definitiv gelount!