Cheryl Cole-3 Words


Un sech kann een bei EX-Girlgroup Memberen, déi en beemol Soloalben erausbrengen jo sketpesch sin, ze dax ass een schon entäuscht gin. Net esou beim Cheryl Cole. D’EX Girls Aloud-Sängerin wees mat 3 Words ze gefaalen, och wann een hei haaptsächlech den an der lescht sou typeschen Pop/R&B Sound zervéiert krit. Et ass villméi dem Cheryl seng Stëmm déi hei positiv erausstëcht, egal wéi den Instrumental klengt, d’Musekerin krit brengt et faerdeg drop z’iwwerzeegen. Titlen wéi d’Single „Fight for this Love“, „Rain on me“ oder och nach „Parachute“ sin exzellent Beispiller fir dësen Fait. Natiirlech glänzt d’Produktioun duerch glassklooren Klang, keen Wonner wann Nimm wéi Taio Cruz dohannert stin, Mat dësem Album dierft d’Cheryl Cole sech och als Solokënschtlerin établéiert hun!