Ky-Lin, eng Band, déi zu engem Deel aus Lëtzebuerg zum aneren Deel aus Frankräich kënnt, presentéiert an dësen Deeg hir nei EP, déi sech „And the Mermaids are singing“ nennt an op der ganzer Ligne z’iwwerzeege weess. D’Formatioun, déi beim DNR Contest „Luxembourg’s next Radiostar“ ob déi 2ten Plaatz koum, proposéiert 5 Titelen déi definitiv rocken. Sierw et „Surrender“ oder och nach „Snakes House“, d’Museker ëm de Frontmann David Dreyer beweisen e groussen techneschen Know-How, de Sound bleift am Ouer häenken an incitéiert zum matsangen. Den nodenklechen Titel „Twilight“, deen an dësem Fall näischt mam Film ze dinn huet, weist dat Ky-Lin sech och vun enger anerer Säit weise kënnen, de Songwriting weess hei z’iwwerzeegen. Als klengen Clin d’Oeil fënnt een op der EP ee Remake vun „These Boots“, alt nees esou een Titel dee süchteg mécht. Deemno kann ee soen, datt Ky-Lin mat „And The Mermaids are singing“ ee riise Schrëtt no vir gemaach huet!