„Diversity“ ass net grad dat wat een vum däitsche Reggae Kënschtler Gentleman gewinnt ass an sou ass et dann och net verwonnerlech,
datt de neien Longplayer, deen eben dësen Titel dréit, net wierklech Neies bitt. Dat ass awer och kee Problem: de Museker ass nämlech ëmmer dann am beschten
wann hien op säin traditionelle Sound zréck gräift a mat senger spezieller Stëmm ee kritesche Bléck op eis Welt geheit. D’Instrumentaler erënneren u gutt Laun an u Summer,
d’Features kommen ënner aanrem vum Cassandra Steen. „Diversity“ ass en Album deen den Gentleman nees dierft als Top Reaggae-Kënschtler konfirméieren an einfach
e gudden Vibe vermëttelt. Virun allem sinn d’Lidder nees alleguer perfekt fir live opgefouert ze gin, an wien de Kölner schonn eng Kéier on Stage gesinn huet,
dee weess datt seng Show genee esou intensiv ass wéi seng Musek.