USHER-RAYMOND V RAYMOND

Vill ass iwwer den neie Longplayer vum Usher spekuléiert ginn : vun engem neie Sound ass riets gaangen an eng sellechen Fans hu schonn domadder gerechent, « Raymond v Raymond“ ee Flop géing ginn. Effektiv muss een festhalen datt den Usher net méi den Aalen ass. Seng Stäerkt läit hautdesdaags éischter op de méi luese Lidder, den „Slow Jams“. Songs wéi „Mars vs Venus“ stinn fir dem Usher seng nei Perséinlechkeet, de Sänger ass definitiv méi erwuesse ginn. Dat ass alles schéin an gutt, et gëtt just ee Problem: Lidder wéi säi Klassiker „Yeah“ sicht een op dëser CD ëmsoss. Natierlech sinn erëm Uptempo Nummeren drop, déi kéinten awer och vun anere Leit kommen, hei feelt einfach déi perséinlech Note. Deemno fënnt een d’Stäerkten op „Raymond v Raymond“ eendeiteg bei de Balladen an do bleift ofzewaarden wéi d’Fans vum Uscher dorobber réagéieren wäerten.