Dës Woch am CD Check:Keane-Night Train

Keane sin zereck, wann och nemmen mat enger EP déi secht „Night Train“ nennt. Vill Fans waren erstaunt wéi sie héiren hun dat den neien Longplayer vun den Brit-Popper keng vollwärteg CD géing gin, an wann een d’EP lauschtert gët een iergendwéi d’Gefill net lass, wéi wann déi „aal“ Keane passé wieren. Secher, den Sound klengt nach emmer no der Band an trotzdem sin Elementer an den Songs ze fannen, déi een esou nach net héiren huet. Een Titel ass z.B. komplett vum Pianist Tim Rice-Oxley agesongen, op 2 aaneren Songs héiert een den K’naan, den Mann den jo „Wavin’ Flag“ fir d’WM 2010 an Südafrika opgeholl huet. Iergenwéi schéingen Keane hier Fans mat dëser EP ob eng nei Ära fiirzebereeden, et bleiwt oofzewaarden op déi och wärten matzéien.